JO

zum Awunnerwahlrecht

D'Piratepartei ass fir d'Awunnerwahlrecht, well:

  • een do wiele kënne soll, wou ee lieft.
  • soss geschwënn eng Minoritéit iwwer eng Majoritéit decidéiert, wat enger Demokratie net würdeg ass.
  • et keng valabel Grënn ginn ganz Gruppe vun der Entscheedungsfindung auszeschléissen.
  • e Véierel vun eiser Arméi aus Mensche besteed déi hiert Liewen fir Lëtzebuerg dierfe ginn, awer net iwwert d'Zukunft dierfe matentscheeden.

JO

zum Wahlrecht fir Jonker

D'Piratepartei ass fir e Wahlrecht fir Jonker, well:

  • och jonk Leit eng eeschtzehuelend Meenung zu Politik hunn.
  • just déi wiele wäerte goen, déi sech dozou capabel fillen. Et muss een sech nämlech 3 Méint am Viraus aschreiwe goen.
  • si am längste mat den Decisioune vun haut ze liewen hunn.

NEE

zur Begrenzung vu Ministermandater

D'Piratepartei ass géint d'Begrenzung vun der Mandatsdauer, well:

  • D'Begrenzung vun de Mandater mat sech brengt dat Dreidieren zweschen Politik a den grousse Konzerner nach mei schnell dreien
  • Erfahrung an den europäesche Gremie vu Virdeel ka sin
  • D'Wieler zum Deel entmündegt ginn

Factcheck


JO
zum Awunnerwahlrecht

“Eis Sprooch verschwënnt mam Auslännerwalrecht!”

Lëtzebuergesch ass bei wäitem déi meescht geschwaten Sprooch zu Lëtzebuerg iwwer 50% dono kënnt portugisesch ëm déi 15% (http://news.eldo.lu/aktuell/headlines//39872.html)

“Mir ginn eis Souveränitéit domadder op!”

Et sinn ëm déi 240.000 Lëtzebuerger an den Wielerlëschten registréiert. Mir hunn ëm déi 44% net-Lëtzebuerger am Land liewen. Bei dën leschten Europawalen hunn sech 12% vun deenen déi konnten fir d'Walen ageschriwwen. Wann een sou eng héich Ofschätzung géif maachen keen een grob op 24000 méiglech Matwieler dh +/-10%. Mat der dauer wéi laang een am Land liewen muss wärt déi Zuel nach no ennen muss korrigéiert ginn. Domadder maachen déi lëtzebuerger Wieler nach déi grouss Majoritéit aus. ( Wahlresultater, Asti, Wikipedia)

“Mir hunn eng WahlFLICHT a si kréien ee WahlRECHT?!”

  • Soubal net-Lëtzebuerger an eng Wahllëscht ageschriwwen sinn hunn si och Walflicht Bsp. Europawalen
  • Domadder kann verhënnert ginn dat en Auslänner deen keen Interessi huet zu Lëtzebuerg wielen ze wëllen et och net muss

“Si kënnen dann zween Parlamenter wielen dat zu Lëtzebuerg an dat an hirem Ursprongsland”

Dat ass jo gutt well dann wielen se an hiren Länner Parteien déi mat Lëtzebuerg schaffen wëllen an net géint

“Si kënnen jo d'Nationalitéit unhuelen da kënne se mat wielen”

D'Participatioun un den Chamber Walen wärt bei den Auslänner den Interessi un Lëtzebuerg vergréisseren an domadder och d'Motivatioun sech ze integréieren

JO
zum Wahlrecht fir Jonker

“D'Jugend huet keng politesch Bildung!”

Politesch Bildung fällt engem och net an der Nuecht vum 18. Gebuertsdag an de Schouss. Ze behapten datt all Wahlbrechtegten genuch iwwert eise politesche System wéisst wier falsch. Wahlrecht ass net u politesch Bildung mä u politeschen Interessi gekoppelt a Jonker hunn en Interessi dodrunner datt d'Land gutt regéiert gëtt, fir datt sie eng sécher Zukunft hunn.

“De Wahlalter soll un d'Groussjäregkeet gebonne sinn!”

Mat 16 dierf een legal matt anere Persounen Geschlechtsverkéier hunn, et dierf een 50ccm Motorrad fueren, et ass een (a Grenzen) geschäftsfäheg a gëtt a villerlee behandelt wéi en Erwuessenen. Groussjähregkeet besteet aus ville Facteuren déi deelweis well matt 16 Joer gi sinn. Dofir gëtt et net déi "eng" Groussjähregkeet un déi een et koppele kéint.

NEE
zur Begrenzung vu Ministermandater

“Duerch d'Begrenzung gëtt déi personell Erneierung gefördert.”

D'Wieler hunn all 5 Joer d'Méiglechkeet Parteien aus der Regierung ze wielen déi nei Leit opstellen. Wéi hätt Lëtzebuerg sollen kuerz noeneen e Sëtz am Sécherheetsrot an eng EU-Présidence stemmen wa keen erfuerenen Ausseminister a Persoun vum Jean Asselborn do gewiescht wier? Wëlle mir wierklech kompetent Leit opgrond vum Selbstzweck vun der personeller Erneierung aus der Regierung eraus halen?

“No 10 Joer am Amt kënne Ministere souwisou keng nei Impulser méi setzen.”

A verschiddene Beräicher brauche Ministeren déi éischt Legislatur fir mol mam Mief vun de Virgänger opzeraumen. Réischt dono kënnen se aktiv ginn an eegen Impulser setzen. Verschidden Ministèren, wéi d'Edukatioun z.B., géife vu méi Plangungssécherheet a Kohärenz profitéieren.

Bleif um Laafenden!

abonnéier eisen Newsletter

Diskutéier mat eis!

Aanescht wéi bei aanere Parteien fréeë mir eis fir matt dir an d'Gespréich ze kommen.

  • Schreif eis en E-Mail mam Kontakt-Formulaire,
  • Tweet mat eis ënnert @Piratepartei , oder
  • kontaktéier eis op Facebook .

Dëse Referendum ass d'Chance fir iwwer wichteg Froen ze debattéieren, also diskutéier mat!

Kontaktéier eis!